Meng Aarbecht

Et ginn Momenter an eisem Liewen, wou mir dat Gefill hunn, eleng net méi weider ze wëssen, sief et :
- duerch den Wonsch, sech perséinlech weider ze entwécklen
  ( Vergaangenheetsbewältegung, Selbstwertproblematiken, Sënnfroen ... )
- duerch d’Erkenntnis, dass dat eegent Liewen ëmmer méi problematesch gëtt, so
  dass een sech duerch di alldeeglech Ufuerderungen an de Stress iwwerfuerdert fillt
  ( Erzéiungs- oder Familljenproblemer, Bezéiungsproblemer, Schwieregkeeten am
  berufflechen oder sozialen Ëmfeld ... )
- duerch akut Krisesituatiounen ( Entscheedungsschwieregkeeten, ustehend
  Verännerungen, Trennung, Verloscht ... )

A menger Aarbecht sin ech en neutralen Gespréichspartner, den dem Client hëllefen kann, Eegekompetenz bei der Léisung vu sengen Problemer ze entwécklen. Dëst kann geschéien duerch :
- d’ Schafen vun enger Méiglechkeet zur fräier Aussprooch
- Fërderung vun der Selbstreflexioun
- Hëllef beim Erkennen an Uerdnen vu verschiddenen Problematiken
- d’ Opweisen vun neien Siichtweisen an Virgoensméiglechkeeten
- Hëllef bei der Entwécklung vun Léisungsweeër

Dës Berodung kann an däerf net als Therapie gesinn ginn an ass och keen Ersatz dofir. D’ Berodung zielt ausschliisslech op di perséinlech Entwécklung, d’ Opschaffen an Iwwerwannen vun sozialen Konflikter souwéi d’ Léisungssichen fir Problemer ouni Krankheetswert, also ausserhalb vum medezineschen Beräich.

Trau dech, Verännerung ass méiglech:


Notices légales