Iwwer mech
Joergang 1968, bestued a Mamm vun 3 Kanner. - 2007 : No enger zimlech laanger Kannerpaus hunn ech meng Formatioun als Psychologeschen Beroder (Conseiller socio-familial) zu Saarbrécken ugefaangen. - 2009 : Ofschlossaarbecht an Certificat « Psychologischer Berater » - 2010 : Ofschlossprüfung an Certificat « geprüfter Psychologischer Berater » - Seit 2011 schaffen ech als Psychologeschen Beroder a mengem Büro zu Grolënster - 2012 krut ech mäin Agreement als Conseiller socio-familial vum Familljeministère ( SECO AI / Csf 201207 / 54 )
do derniewent hunn ech ëmmer erëm un verschiddenen Weiderbildungen Deel geholl, sou zum Beispill an der Gestalt- an Integrativer Therapie, an ech hunn mäin Meeschter am Reiki gemaach.
Member vum Verband freier Psychotherapeuten, Heilpraktiker für Psychotherapie und Psychologischer Berater e.V. www.vfp.de