Praktesches

Ech schaffen nёmmen op Rendezvous.
Fir Är Rendezvous’er reservéieren ech jeweils 3 Stonnen, sollten déi Plagen fir Iech net goen, sinn liicht Ofwäichungen méiglech.

Méindeg Dënschdeg Mëttwoch Donneschdeg Freideg
9.00 - 12.00
10.00 - 13.00
12.00 - 15.00
13.00 - 16.00
17.00 - 20.00

Eng Berodungssitzung dauert ongeféier 2,5 bis 3 Stonnen a kascht 120 Euro.
Relaxatioun mat Reiki dauert ongeféier 1 Stonn a kascht 50 Euro.
D’ Honorairen gin boer no all Sitzung bezuelt an de Client kritt eng acquittéiert Rechnung.
Dës Leeschtungen ginn net vun der Krankekees zeréckbezuelt.
Wann Dir e Rendezvous net kënnt anhalen, mellt Iech w.e.g. mindestens 24 Stonnen virdrun of.
Bei längeren Telefonsgespréicher behalen ech mir vir 15 Euro (resp. 25 Euro op Weekender an Feierdeeg) pro hallëf Stonn ze berechnen.


Notices légales